Gratiskonferenz: BODYTALK : Ären Kierper schwätzt mat iech ; lauschtert dier him no ?
11 Rue de la Boucherie
1247 Luxembourg
Luxemburg
BodyTalk ass en ëmfaassenden System vun net invasiven Techniken fir d’Remhierstellen vun enger gesonder Kommunikatioun tëschen all den Systemer vum Kierper.
Eng schlecht Gesondheet ass en Unzeechen dofir, datt déi ugebueren Fäegkeet vum Kierper fir ze heelen, geschwächt ass, well eis den alldeeglechen Stress vum Liewen aus der Balance gehäit.
Dir gitt an dësem Virtrag gewuer wei den BodyTalk fonctionéiert an iech hëlleft.
Den BodyTalk Access besteet aus den Basis Techniken vum BodyTalk System. Dëst sinn Techniken déi dir selwer un iech uwenden kennt fir er geeschteg an kierperlech Widderstandsfäegkeet ze stäerken.
Bei dësem Virtrag léiert dir, wei dir selwer er Gehierhälften ausgläichen an synchroniséieren kennt, fir datt si rëm besser zesummeschaffen, dëst verbessert Konzentratioun, Verhalt, Kloerheet an verréngert Stress.
Gratis Virtrag vun enger Stonn: Den 28. Februar 2023 um 18.30 am Scarabeus
Umeldung iwwert Telefon 26262201 oder email info@scarabaeus.lu
Malou Tibor
BodyTalk Practitioner
Psych-K Advanced Facilitator
Certifiéiert Bachbléienberoderin an Trainerin
Hier anmelden um an der Veranstaltung teilzunehmen